
Direkt zweemol hunn Onéierlecher enger Kou hir Klack geklaut, déi am Allgäu op enger Wiss stoung.
Wéi d’Police matgedeelt huet hunn Onbekannter eemol Mëtt Juli an eemol leschte Weekend d’Klack vun der selwechter Kou geklaut.
Béid Klacke géifen all Kéiers e puer Honnert Euro kaschten. Wat d’Motiv vun den Täter awer genee war, konnt d’Police zu deem Zäitpunkt nach net soen.