We're smart Awards"La Distillerie" zu Buerglënster zum weltwäit beschte Geméisrestaurant gewielt

RTL Lëtzebuerg
"We're Smart World" presentéiert an hirem "We're Smart Green Guide" déi hirer Meenung no beschte Restauranten, déi mat planzleche Plate kachen.
De Mann hannert dem Erfolleg - René Mathieu
De Mann hannert dem Erfolleg - René Mathieu

An do huet de René Mathieu mat sengem Restaurant “La Distillerie” zu Buerglënster fir déi zweet Kéier hannerteneen de Präis fir déi beschten Adress weltwäit gewonnen. Krittären, fir an deem Guide opgeholl ze ginn ass, dass op d’mannst zwee Drëttel vun de Plate vegetaresch sinn. Weider gëtt ënner anerem no kulinarescher Kreativitéit an dem ekologesche Facteur gekuckt. E Restaurant kritt dann eng Bewäertung vun 1 bis 5 Réidercher a gëtt am Guide publizéiert. Zousätzlech ginn dann déi bescht Lokaler an enger Top10 extra promouvéiert.

De René Mathieu ass houfreg, dass säi Restaurant dës Mentioun op een Neits krut. Viru méi wéi 10 Joer huet hien ugefaangen, een 100 Prozenteg vegetaresche Menü unzebidden. D’Natur gëtt him déi néideg Inspiratioun, ëmmer rëm nei Kreatiounen auszeprobéieren an de Choix a sengem Restaurant auszebauen. Hie wëll ewech vum Image vun der vegetarescher Kichen als “Ersatzkichen”. Dem Kach no ass et eng vollwäerteg Alternativ an hie wäert och weider probéieren, d’Leit mat sengem Iessen ze begeeschteren.

De Grënner vu We’re Smart World, de Frank Fol, ass houfreg, dass si mat hirer Initiativ Restauranten zesummebréngen, mam Zil, méi op Gesondheet, Ekologie an Nohaltegkeet opzepassen. An hirem Guide hu si dëst Joer eng 1.000 Restauranten aus 46 Länner ugekuckt a bewäert.

We’re smart Awards: déi bescht vegetaresch Restaurant

Déi bescht 10 fir nozeliesen

1. La Distillerie (Luxemburg - Bourglinster), René Mathieu
2. De Nieuwe Winkel (Niederlande - Nijmegen), Emile van der Staak
3. Vrijmoed (Belgien - Gand), Michaël Vrijmoed
4. Piazza Duomo (Italien - Alba), Enrico Crippa
5. L’Oustau de Baumanière (Frankreich - Les Baux de Provence), Glenn Viel
6. L’Arpège (Frankreich - Paris), Alain Passard
7. Eleven Madison Park (Vereinigte Staaten - New York), Daniel Humm
8. Ricard Camarena (Spanien- Valence), Ricard Camarena
9. Humus x Hortense (Belgien - Bruxelles), Nicolas Decloedt
10. L’Air du Temps (Belgien - Liernu), Sang-Hoon Degeimbre

Back to Top
CIM LOGO