Lëtz Go Gold am ReplayLafe géint de Kannerkriibs

Christophe Hochard
Den 25. September huet d'Fondatioun Kriibskrank Kanner e Laf, fir Suen fir d'Erfuerschung vum Kanner Kriibs ze sammelen, organiséiert.
© Christophe Hochard

Fir déi 4. Kéier huet d’Fondatioun Kriibskrank Kanner dëse solidaresche Laf schonn organiséiert. All Persoun, déi matleeft, engagéiert sech, fir Minimum 200 Euro zesummenzekréien - 100 Euro sinn et fir Mineuren a Studente bis 25 Joer.

Lëtz Go Gold 2021
420.000 Euro koumen um Samschdeg de Moie fir de gudden Zweck zesummen.

1,5, 5 oder 10 Kilometer, 3 verschidde Parcourse stoungen de Participante bei der 4.Editioun vum “Lëtz Go Gold” zur Auswiel. Sech engagéieren a lafe fir de gudden Zweck. Op dës Manéier goufe Sue fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Kloer, dass heivir ganz vill Leit sech e Samschdeg de Moien op der Kockelscheier Rendezvous ginn haten.

60 verschidde Kriibszorte ginn et bei Kanner. Leukemie, also Bluttkriibs, ass déi heefegste Kriibszort bei jonke Mënschen. Et ass also wichteg Fuerschungsprojeten ze finanzéieren.

Iwwer 900 Leit sinn haut ronderëm d’Séien op der Kockelscheier gelaf. Matten an der Natur mécht et Spaass, sech fir kriibskrank Kanner z’engagéieren. D’Heelungschancë bei Kannerkriibs läit bei ëm déi 80 Prozent. Duerch d’Course koumen iwwer 420.000 Euro zesummen.

De Replay vum Livestream

Back to Top
CIM LOGO