Fir Kanner mat visueller SchwächtLego lancéiert Braille-Bausteng

RTL Lëtzebuerg
An 20 Länner uechtert d'Welt bréngt Lego Bausteng eraus fir Kanner, déi Problemer mat der Vue hunn.
© AFP

All Bausteen ass mat ënnerschiddleche Stécker geformt, déi fir d’Buschtawen an d’Zuele vum Braille-System stinn. D’Bausteng kënnen donieft awer och wéi déi typesch Lego-Steng zesummegesat ginn. D’Steng gesinn d’nämmlecht aus wéi déi klassesch, kënnen also och vu Leit, déi keng Schwächt vun den Aen hunn, benotzt ginn. D’Zuelen, Buschtawen oder Symboler sinn um Sockel vum Stee geprint.

D’Konzept dohannert ass et de Kanner de Braille-System a schreiwen a liese bäizebréngen.

A 7 Länner, dorënner Frankräich an Däitschland, sinn déi nei Lego-Steng schonn um Marché. Lego huet wëlles hire Produit an 11 Sproochen an 20 Länner bis 2021 kënnen unzebidden.

Back to Top
CIM LOGO