
Déi 25 Joer al Sängerin hat virun 8 Joer selwer scho mat hirer Band “Unknown Passenger” un der RTL-Castingshow “Rising Star” deelgeholl. Elo ass et un hir fir aner Gesangstalenter ze bewäerten.
Mat dem Leony, dem Pop-Titan Dieter Bohlen, dee lescht Joer iwwerraschenderweis d’Jury verlooss huet mä lo awer zeréckkënnt an dem DSDS-Gewënner vun 2011 Pietro Lombardi, ass d’Jury elo komplett.
Lassgoe mat der 20. Staffel, soll et am Fréijoer 2023.