
Nieft der Annonce, datt de Modern-Talking-Star Dieter Bohlen zréck bei “Deutschland sucht den Superstar” ass, huet RTL och ugekënnegt, datt déi 20. Staffel vun DSDS, déi lescht wäert sinn.
“No zwee immens erfollegräiche Joerzéngte wäerte mir d’Show eng leschte Kéier grouss feieren. A fir déi grouss Finall dierf den Dieter Bohlen net feelen. Mir hu vill verännert bei RTL, mir sti fir positiv Ënnerhalung an dorun hale mir och fest. Dat wäerte mir elo zesumme mam Dieter Bohlen och bei “Deutschland sucht den Superstar” beweisen. Mir freeën eis vill, datt hien dobäi ass. Et ass wéi och sonn ënner Frënn: Hei an do deet eng Paus gutt. Zesumme maache mir am nächste Joer eng grouss, begeeschternd, positiv lescht DSDS Staffel”, sot den RTL-Ënnerhalungschef Markus Küttner.
Fir den Dieter Bohlen ass et e Retour zu senger “Ekipp”, senger “Famill”. Hien huet seng DSDS-Paus mat engem gudde Mariage verglach, an deem et och emol krisele kann. “Jidderee kennt dat, wann hien 20 Joer bestuet ass, wou et da Situatioune gëtt, an deenen een ënnerschiddlecher Meenung ass. Ma da muss ee sech jo net direkt scheede loossen”, esou den 68 Joer ale Museksproduzent. D’Staffel “Deutschland sucht den Superstar” 2021 war no 18 Joer déi éischt ouni den Dieter Bohlen. No bal 20 Joer als Jury-Member a mat senge Spréch a sengen Urteeler iwwert d’Kandidaten huet hie scho bal Kultstatus.