Zu NoumerLeschte Samschdeg gouf d'Trauliicht nees organiséiert

RTL Lëtzebuerg
Bis an d'1970er Jore war et gängeg, Lanteren aus Rommelen ze bastelen a sech déi den 30. Oktober virun d'Dier ze stellen.
Leschte Samschdeg gouf d'Trauliicht nees organiséiert.
Bis an d'1970er Jore war et gängeg, Lanteren aus Rommelen ze bastelen a sech déi den 30. Oktober virun d’Dier ze stellen.

D’Iddi dohannert wier et gewiescht, de Verstuerwenen ze gedenken, awer och béis Geeschter ze verdreiwen. Iwwer d’Joren ass dës lëtzebuergesch Traditioun awer ëmmer méi ënnergaangen. 2014 huet d’Elterevereenegung vun Noumer dunn awer decidéiert, erëm en Trauliicht z’organiséieren.

“Et ass virun allem drëms gaangen, d’Kanner an d’Elteren erëm zesummenzebréngen an einfach vun deem ale Brauch vum Trauliicht ze profitéieren, fir wierklech erëm Liewen an d’Duerf ze kréien”, esou d’Carmen Weisgerber, déi zanter 2018 an der Elterevereenegung ass.

Organiséiert gëtt d’Evenement ëmmer ausgangs Oktober am Gemeinschaftsgaart vum Gast an Tanya Reckinger zu Schrondweiler. Do virdru kënnen d’Kanner bei e lokale Bauer op d’Feld selwer Rommele siche goen, déi si dann den Dag vum Evenement wäschen, schnëtzen an dekoréieren. Duerno ginn d’Trauliichter da virun d’Diere gestalt.

Back to Top
CIM LOGO