Live! Planet PeopleLesley Barbosa Lima, Luigina Romor a Carlos Salomon

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm d'Associatioun Whale Fund, Sightseeing zu Venedeg a "Stand-up-Comedy".
Live! Planet People vum 21. Januar 2022
Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm d’Associatioun Whale Fund, Sightseeing zu Venedeg a “Stand-up-Comedy”.

D’Lesley BARBOSA LIMA huet zwee Méint zu Teneriffa mat Walen an Delfine verbruecht. Bei der Associatioun Whale Fund, déi zanter 2005 existéiert, geet et drëms, Touristen iwwer d’Déieren opzeklären an hire Liewensraum ze beschützen.

Dësen interessante Projet huet den Eurodesk Luxembourg vermëttelt, wou ee reegelméisseg sou interessant Projeten am Ausland fënnt, fir aussergewéinlech Erfarungen ze maachen, op nei Kulturen ze stoussen an d’Sprooch kennenzeléieren oder ze perfektionéieren. Méi Infoen bei

Offre de l’Agence Nationale pour l’Information des Jeunes.

https://eurodesk.lu/

D’Luigina ROMOR ass Guide zu Venedeg an huet Facebook genotzt, wéi d’Touristen ausbliwwe sinn. Mat 5 Joer ass d’Luigina op Venedeg geplënnert, a schonn als Kand wollt si ëmmer Gäscht ronderëm féieren, am léifsten duerch déi ganz Welt.

Hir Iddi besteet doranner, virwëtzege Leit aussergewéinlech Plazen ze weisen a Kuriéises ze verzielen. Normalerweis ass d’Stad vun der Léift iwwerlaf, awer wéi och zu Venedeg de Lockdown koum, war d’Markusplaz eidel, d’Gondele sinn net gefuer an do huet d’Luigina op hirer Facebooksäit déi Interesséiert informéiert. Bis haut hält si dat bäi an ass all Freideg um 20 Auer online.

De Carlos SALOMON kritt Lëtzebuerg un d’Laachen a bréngt duerfir Stand-up-Comedians op d’Bün. Den 30. Juni 2019 war déi éischt Show op Englesch an zanterhier organiséiert hie mat LLOL all Mëttwoch Stand-up-Comedy-Soiréeen am Café “Bei der Gare”.

Bei den Open Mics stinn an der Haaptsaach lokal Komiker op der Bün, mä hie bréngt och grouss Nimm op Lëtzebuerg, wéi den 1. Februar de Matt Castellvi an den ArcA op Bartreng. Als Kënschtler reest hien awer och selwer vill a stoung schonn zu Stroossbuerg, Köln an Amsterdam op de Brieder.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO