Noperen a SüdfrankräichLëtzebuerger a franséische Staatschef verbrénge Summervakanz op selwechter Plaz

RTL Lëtzebuerg
Am klengen Duerf Bormes-les-Mimosas geet d'Gerücht ëm, datt hei Lëtzebuergescht Recht gëllt, well dem Grand-Duc Deeler dovu gehéieren.
Staatscheffen als Noperen
An engem klengen Duerf a Süde vu Frankräich gëtt et all Summer héije Besuch.

Et ass nawell ee Grond fir ze staunen. An engem klenge franséischen Duerf ass d’Warscheinlechkeet am Summer grouss, souwuel Lëtzebuerger Monarchen, wéi och den Emmanuel Macron, President vun der franséischer Republik, ze treffen.

Vill méi kuriéis sinn allerdéngs d’Rumeuren, datt an dësem klengen Duerf Bormes-les-Mimosas a Südfrankräich lëtzebuergescht Recht gëllt. Dat, well d’Strooss, déi bei d’Summer-Residenz “Fort de Brégançon” vum franséische President féiert, der groussherzoglecher Famill gehéiert.

D’Valentine Patry ass dëser kuriéiser Geschicht an der Géigend vu Cabasson op d’Spuer gaangen an huet dobäi nawell een exklusiven Abléck an déi historesch Festung “Fort de Brégançon” kritt.

Back to Top
CIM LOGO