Lues a lues gëtt d’Wieder besser, esou kennt der bestëmmt och de Phänomen, dass d’Leit hiren Auto dann och wëlle propper hunn. Wann d’Sonn schéngt, muss e blénken, a wann et da reent, mussen d’Drëpsen och erofpärelen. Et sieft, et huet een och dee richtege Produit dofir.
Ob een elo selwer Hand uleet oder nach manner ustrengend an d’Wäschanlag fiert, et ass d’Resultat wat zielt... den Auto soll blénken. D’Gianna Florio ass responsabel fir den Truck a Carwash um Rouscht an et ass Saison-bedéngt wéini een hei waarde muss. Mä et gesäit een awer en däitlechen Impakt, wann d’Sonn bis luusse kënnt. De Produit, deen an hirer Wäschstrooss benotzt gëtt, ass aus eegener Familljeproduktioun.
Zanter 30 Joer ginn um Rouscht bei Flowey Produite fir den Auto produzéiert an dat an der 2. Generatioun vum Familljebetrib. Dem Gianna hire Papp, de Filippo Florio, iwwerléisst elo deemnächst senge 4 Kanner de Betrib.
Déi 4 Nofollger sinn awer elo scho prett, fir hir Firma weiderzeféieren. Jiddereen huet seng Spezialitéiten: déi 2 Eelsten, de Franco an de Ricardo si fir de Verkaf an den Export zoustänneg. Dee Jéngste vun hinnen, de Stefano zesumme mat der Mamm fir d’Comptabilitéit an d’Gianna fir den Design an de Marketing. Nächsten Challenge fir d’Famill: den Export nach auszebauen. Hiert Zil ass elo Südamerika.
An obwuel déi 4 Kanner de Choix haten eppes aneschters am Liewen als Beruff ze léieren, si se direkt Ufanks oder esou ewéi deen Zweeteelsten, de Ricardo, eréischt méi spéit an de Familljebetrib komm. Elo ass d’Famill komplett.
Produiten, déi een europawäit an de Regaler fënnt, ma dem Här Florio no läit de Secret um Erfolleg un de Sproochen, déi een hei schwätzt. Et waren d’Sproochen, déi et him virun 30 Joer erlaabt hunn, europawäit ze exportéieren.
Am Labo ginn d’Produite souzesoe kreéiert an natierlech och getest, hei dierf d’ganz Famill matschwätzen. 2017 wollt d’Famill hir Gamme u Produite vergréisseren, ma d’Pandemie huet dëse Prozess beschleunegt, esou konnte se direkt Ufanks Desinfektiounsmëttel liwweren.
Eng Famill, déi zesummenhält, 4 jonk motivéiert Nofollger an eng Mark vu Produiten, wou mer houfreg kënne behaapten “Made in Luxembourg”.