Traditioun ouni GrenzenLëtzebuerger Kleeschen zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Op Niklosdag e Méindeg gouf et eng zimmlech lëtzebuergesch Stëmmung matten a Paräis.
Kleeschen zu Paräis
De Lëtzebuerger Kleeschen hat e Méindeg och de Wee bis an déi franséisch Haaptstad fonnt, wou een hien nach guer net esou kennt.

Well eis Landsleit, déi an der Haaptstad wunnen, hunn am bekannte Quartier Montmartre Kleeserchersdag gefeiert. An dat natierlech mam hellege Mann, deen do Séissegkeeten ausgedeelt huet. Dat war fir vill vun hinnen eng ganz nei Experienz, well am Oste vum Hexagon gëtt et kee St. Nicolas.

E Stéck Lëtzebuerger Patrimoine organiséiert vun den Expats zu Paräis.

Back to Top
CIM LOGO