
Vläicht wier et besser, besonnesch bei Videokonferenzen un en uerdentlechen Dress-Code ze denken. Déi Iddi hat den Deputéierte Bronislovas Matelis wuel net wärend enger Ausschoss-Sëtzung vum litauesche Parlament. Matten am Gespréich huet nämlech säin Handy geschellt an de gudde Mann ass opgestanen. Domm war dobäi eben, well en zu deem Zäitpunkt just de Kalzong unhat. Ganz nom Motto “uewen hui, ënne pfui”.
Säin ongewollte Faux pas geet op alle Fall elo viral.