Live! Planet People am ReplayLuca de Michele, Nico Thielen a Cyrus Neshvad

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Make-up, Wiener Ball an de Lëtzebuerger Kuerzfilm "la valise rouge" op den Oscars.
Live! Planet People mam Luca de Michele, Nico Thielen a Cyrus Neshvad.
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit. Haut mam Luca de Michele, Nico Thielen a Cyrus Neshvad.

De Luca de Michele war als Make-up-Artist op der Fashion Week zu Paräis an zu New York. Hien huet sech domadder en Häerzenswonsch erfëllt. Dem Luca säi Parcours huet als jonke Visagist um däitschen RTL an der Sendung “Punkt 12" ugefaange an du goung et op d’Fashion Week zu Berlin. Zu London hat hien och e grousse Concours gewonnen, awer New York, Mailand a Paräis stoungen nach ëmmer op der Lëscht mat de Stied, wou hien eng Kéier schaffe wollt. Mat Paräis ass e groussen Dram an Erfëllung gaangen, well hien hei fir Dior am Asaz war an extrem vill Kontakter gesammelt huet.

De Nico Thielen dierf e Samschdeg am Cercle endlech nees um Wiener Ball danzen. Wéinst Corona gouf dëse Bal vun der Extraklass déi lescht Joren ausfale gelooss, awer e Samschdeg héiert een nees deen een oder anere Walzer, op deen am festlech dekoréierte Gebai matzen an der Stad gedanzt gëtt. D’Preparative lafen zanter Wochen op Héichtouren an och beim Ufanksdanz gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. Déi jonk Koppelen trainéieren haart, fir dass och alles reusséiert an d’Editioun 2023, wéi déi viregt, ouni Faux-pas a gudder Erënnerung bleift. Tickete fir deen Owend gëtt et keng méi.

De Regisseur Cyrus Neshvad kënnt vu Stonn zu Stonn dem Oscar méi no. Mat “la valise rouge” huet hien all Chancen, bei der 95. Editioun vun den Oscaren, Lëtzebuerg nees houfreg ze maachen. 2014 hat “Mr Hublot” eng éischte Kéier an der Kategorie mat Kuerzfilmer en Oscar gewonnen. “The Red Suitcase” dauert 18 Minutten a gouf bannent 6 Deeg um Findel gedréit. E beschreift d’Geschicht vun enger jonker Iranerin, déi mat hirer rouder Wallis um Flughafen ukënnt. Beim traditionelle Luncheon am Hilton zu Beverly Hills huet de Regisseur vill bekannt Gesiichter vun Hollywood begéint, wéi den Tom Cruise, de Steven Spielberg oder d’Cate Blanchett, an elo kann hien just nach ofwaarden.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO