LuminotheraphieLuucht hëlleft an der däischterer Joreszäit géint de Wanterblues

RTL Lëtzebuerg
Et ass gro an niwweleg. De Wanter kënnt engem vir, wéi wann en ni géing op en Enn goen. D'Deeg si kuerz an d'Sonn léisst sech net ganz dacks blécken.
Luucht hëlleft géint de Wanterblues
Et ass gro an niwweleg. De Wanter kënnt engem vir, wéi wann en ni géing op en Enn goen. D’Deeg si kuerz an d’Sonn léisst sech net ganz dacks blécken.

Dogéint kann een awer eppes maachen, well d’Luucht huet een Afloss drop, wéi mir eis fillen. Virun allem moies brauche mir méi kal-bloelzegt Liicht, well dat eis waakreg a fit mécht an owes ass et besser, op déi ze verzichten, well déi d’Produktioun vum Schlofhormon, Melatonin, reduzéiert a mir sou Schwieregkeeten hunn, anzeschlofen. Dofir kritt een hautdesdaags eng ganz Panoplie u Luuchten, déi d’Dagesliicht imitéiere soll. Et ersetzt zwar net d’Sonn, ma duerch d’Hellegkeet, déi op eis A trëfft, kënne mir eis méi waakreg fillen an esou eise Manktem u Liicht am Wanter reduzéieren. Dofir soll een d’Luucht elo all Dag mindestens 30 Minutte bis maximal eng Stonn benotzen. Benotzt een déi all Dag, kann dat een Effekt op eist Wuelbefannen hunn, well mir eis da méi waakreg a fit fillen.

Ma et ginn awer och nach aner Methoden, wéi zum Beispill d’Luminotherapie. De Sabbia Med ass ee Soin, wou ee sech eng hallef Stonn bei enger angeneem summerlecher Temperatur an de waarme Sand leeë kann an d’Luucht simuléiert de Sonnenzyklus vun engem ganzen Dag. Dobäi kann ee sech richteg gutt entspanen an et brauch een och net ze fäerten, well an der kënschtlecher Luucht si keng UV-Stralen.

Een, deen ëmmer déi richteg Luucht wëll Doheem hunn, deen huet am beschten, mam Luuchten-Expert ze kucken. Dee kann een nämlech beroden, wéi een d’Luuchten a sengem Haus am beschten an Zeen gesat kritt, fir déi richteg Ambiance ze schafen an déi mécht, dass mir eis méi wuelfillen.

Back to Top
CIM LOGO