Alles fir déi VerléiftenLuxus-Picknick am Bubble-Zelt an eng "Love-Promenade" an der Stad

RTL Lëtzebuerg
En onvergiesslecht Erliefnis. No sou eppes siche vill Koppele grad ëm Vältesdag.
© RTL

Wien elo un en schéine Restaurant denkt, kéint et och emol mat engem Luxus-Picknick probéieren. Och fir aner Occasiounen ass et eng flott Iddi. Wat et virdru just am Ausland gouf, kann een dann elo och am Grand-Duché maachen. Wei dat ausgesäit a wat do alles dobäi ass, gitt Dir hei gewuer.

Luxus-Picknick am Bubble-Zelt amplaz vu Restaurant
En onvergiesslecht Erliefnis. No sou eppes siche vill Koppele grad ëm Vältesdag.

De gudde Menu op Vältesdag gehéiert fir vill Leit einfach bei dës spezieller Geleeënheet dozou. Wéi déi Verléiften et sech um Valentins-Owend gutt goe loossen a wéi wichteg dësen Dag fir d’Restaurateuren ass hu mer am Hotel Leweck nogefrot.

Vältesdag: Wéi wichteg ass den Dag fir Restaurateuren?
De Loïc Juchem huet sech am Magazin live aus dem Hotel Leweck gemellt.

“Love-Promenade”

Fir de Patrick Lamesch, deen zanter enger Rei Joren als Guide beim LCTO schafft, ass dëst eng Première: eng Visite Guidée reng fir Koppelen. Et ass déi éischte Kéier, dass de Stater Tourismusbüro esou eng Féierung am Kader vum Vältesdag organiséiert. D’Love Promenade bitt dobäi déi flottste Panorama-Vuen iwwer d’Stad. An dat huet e bestëmmte Gronn: Eng Fotografin hält nämlech déi schéinste Momenter fir d’Koppele fest. Do dernieft gëtt ee wärend deenen zwou Stonnen natierlech méi iwwer d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg gewuer. An déi huet a sengen Aen e grousst Romantik-Potenzial.

Patrick Lamesch:

“Ech fannen, et ass eng immens romantesch Stad. Zemools den Deel vun der Alstad, d’Corniche an de Bock. Et ass immens schéin, well d’Landschaft och immens flott ass an eng bestëmmte Romantik duerstellt. Souwuel am Wanter wéi natierlech och am Summer, wann alles gréng ass, ass et mengen ech eng Stad, déi dozou invitéiert ze flanéieren.”

Eng bont gemëschte Grupp vu Verléifter huet sech fir dëse speziellen Trëppeltour ugemellt, ënnert anerem eng Koppel aus der Belsch, déi di éischte Kéier zu Lëtzebuerg ass:

“Mir hunn et eis ganz anescht virgestallt. Et ass ee guer net gewinnt, déi do Säit vu Lëtzebuerg ze gesinn. Hei huet een d’Méiglechkeet, d’Alstad ze entdecken. Et ass wierklech romantesch”, fënnt d’Koppel, déi scho méi wéi 25 Joer zesummen ass.

Feedback, iwwert deen de Patrick Lamesch sech sécher freet. Mat dräi ausgebuchten Tier um Sonndeg war dës éischt Love Promenade definitiv e Succès.

"Love Promenade"
Et ass déi éischte Kéier, dass de Stater Tourismusbüro esou eng Féierung am Kader vum Vältesdag organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO