"Hey guys, wanna feel old?"Macaulay Culkin feiert seng 40 Joer mat engem witzegen Tweet

RTL Lëtzebuerg
Den Acteur Macaulay Culkin ass 40 ginn. Grond genuch fir de "Kevin - Allein zu Haus"-Duersteller anerer un hiren Alter z'erënneren.

Et schéngt engem, wéi wann et eréischt gëschter gewiescht wier, dass de Kevin McCallister eleng doheem war. Knapp 10 Joer war den Acteur deemools al, wéi de Film 1990 an d’US-Kinoe koum. D’Komedie gouf zu engem Klassiker, deen nach ëmmer bei all Generatioun bis haut beléift ass. A genee dowéinst ass et och emol schwéier, de Jong aus dem Film mat engem erwuessene Mann z’associéieren.

An dee Jong huet tatsächlech seng 40 Joer kritt!

Dat ass sech och de Macaulay Culkin bewosst an deelt dat a Form vun engem Tweet mat: “Salut alleguer, wëllt dir iech al fillen? Ech si 40", heescht et an engem Tweet, deen nawell vill Leit ugesprach huet. “Dat ass mäi Kaddo un d’Welt: Ech gi Mënschen d’Gefill, al ze sinn. Ech si kee Kand méi, dat ass mäin Job.”

Elo, mat 40 Joer, wier et dann och un der Zäit “seng Midlife-Crisis ze starten”, witzelt de Culkin. Hie géing driwwer nodenken, an Zukunft surfen ze goen. Seng Fans sollte säi Kapp mat Hëllef vu Photoshop op e Surfer-Kierper montéieren. Sou kéint hie sech virstellen, ob et iwwerhaapt cool ausgesäit.

Back to Top
CIM LOGO