HorecaMam gudde Wieder fëlle sech och nees d'Terrassen

Philippe Dondelinger
Mat deem gudde Wieder sinn och nees d'Terrassen an der Stad op an dat obwuel d’Terrassesaison nach net richteg am gaangen ass.
Mam gudde Wieder fëlle sech och nees d'Terrassen
Mat deem gudde Wieder sinn och nees d’Terrassen an der Stad op an dat obwuel d’Terrassesaison nach net richteg am gaangen ass.

D’Regierung ass dësem Secteur entgéintkomm an esou hu schonn de Weekend vill Leit dovu profitéiert. Gefëllten Terrasse war d’Resultat elo wärend dem Weekend.

Elo an der Woch gesäit een déi gefëllten Terrassen éischter méi an der Mëttesstonn. Keng Maskeflicht méi, kee QR-Code méi, fir déi meescht ass nees alles ewéi virdrun, fir d’Restaurateuren ass et ee grousse Schratt nees zur Normalitéit. Si sinn zefridden, dass et 2022 net och esou schlecht leeft ewéi déi lescht 2 Joer.

Iwwregens d’Wieder soll dës ganz Woch dann och esou bleiwen an dat bis zu maximalen Temperature vu 15 Grad, de Summer ass also och net méi wäit.

Back to Top
CIM LOGO