De Jérôme Weber fënnt een éischter hannert der Kamera, awer aus Nigeria huet hien och eegen Opname vu sech matbruecht. Mam Documentaire iwwer d’Campagne vum F91 Diddeleng huet den Auteur, Regisseur a Produzent op sech opmierksam gemaach. “Keep it going” war e Portrait iwwer den Denell Stephens, e Spiller vum T71 Diddeleng, an och bei der Publicitéit “Legend III - River of Life” hat hie scho seng Fanger am Spill. Seng rezent Produktioun huet hien an Nigeria gefouert fir de Film “ONYEGWU”, deen ënner abenteuerleche Konditiounen entstanen ass.

Als MAZ kennt hie bal all Kand hei am Land a mam Hip Hopp huet den Thomas Faber et elo souguer bis op Budapest gepackt. “Tëschent Iechternach a Budapest” ass en Documentaire vum Yann Gengler, wou een de Privatmënsch kenneléiert, a wou een hannert d’Kulisse vun zwee ganz ënnerschiddlechen Festivaller am Summer 22 gesäit. Den E-Lake zu Iechternach an de Sziget zu Budapest. Momentan ass de MAZ on Tour an eenzel Etappe si Bréissel, Berlin a Kopenhagen. Den Documentaire gëtt et vun elo un am RTL Play.
Op RTL Play: Kuckt den Documentaire vum Yann Gengler iwwert den Hip-Hopper Maz

De Claude François huet et net sou mam Sangen, dofir awer kennt hie sech aus mam Wäin a wat derbäi passt. De fréiere Journalist Claude François huet eng grouss Passioun, déi e mat ville Leit deelt: “De Wäin”. Hien huet sech op de Lëtzebuerger Wäi konzentréiert, wou hien an der App vinslux 1.500 Wäiner virstellt. Parallel koum och de Guide Vinslux 2022/2023 eraus, wou an dräi Sproochen déi eenzel Zorten a Lage mat ville Fotoe virgestallt ginn an een och déi passend Rezepter derbäi fënnt.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.