
Den bekannten amerikanesche Performer huet an de leschte Jore méi dacks fir Schlagzeile gesuergt, ënnert anerem 2008, wou hie 60 Stonne mam Kapp no ënnen am Central Park wollt ee Rekord briechen. Säi “Stunt” gouf deemools vum Donald Trump, deen dunn ënner anerem fir d’Tëlee geschafft huet, presentéiert.
De Video vu sengem Livestream, wéi hie mat de Loftballone flitt, gouf mëttlerweil méi wéi 10 Millioune Mol gekuckt. D’Ballone ware mat Helium gefëllt a wéi hien op enger Héicht vun 7,6 Kilometer ukomm war, huet hie sech vun de Loftballone getrennt an ass mat Hëllef vun engem engem Gleitschierm erëm gelant.