
Amplaz vu mëttelalterlechem Gold huet den Hobby-Sondegänger mat sengem Apparat an der Géigend vun engem Wanderparkplaz am Landeskrees Passau eng Metallkëscht fonnt, an där eng Rei Schrauwglieser dra waren. D’Glieser ware bis uewenhinner voll mat Marihuana.
Den iwwerraschte Mann huet doropshin d’Police informéiert, déi de “Schatz” direkt saiséiert huet . D’supere goufe geséchert an Ermëttlungen an d’Weeër geleet. d’Police hofft op Indicen aus der Bevëlkerung.