Net well hien et net méi anhale konntMann rennt mam Auto an déi eelst Toilette vu Japan

RTL Lëtzebuerg
Am japanesche Kyoto hat e Mann en Accident op der eelster Toilette vum Land. Nee, net dat wat Dir lo denkt: Hien ass mat sengem Auto dra gefuer.
Tempel zu Kyoto (Symbolbild)
Tempel zu Kyoto (Symbolbild)

Passéiert ass dat Ganzt am Tofukiji-Tempel zu Kyoto. Wéi et vun der Police heescht, war dem Mann net bewosst, datt säin Auto am Réckgang war. Wéi hien dunn op de Gas gedréckt huet, ass en an d’Toilette gekraacht, déi als déi eelst am südostasiateschen Inselstaat gëllt.

Besonnesch kuriéis: De Mann ass zoustänneg fir de Schutz vum japanesche Kulturierwen, zu deem och den Tempel gehéiert.

Blesséiert gouf bei dëser anerer Aart vun Toiletten-Ongléck keen an och d’Toilette selwer ass intakt bliwwen. Trotzdeem ass e Schued do, dee muss reparéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO