Verkafsoppe SonndegerManner Leit um 4. Advent ënnerwee, dofir groussen Undrang Enn November

Christophe Hochard
Bis e Samschdeg de 24.12 kann een déi leschte Kommissioune maachen. Op Hellegowend wäerten d'Geschäfter um 16 Auer hir Diere bis no Chrëschtdag zoumaachen.
Chrëschtdagsgeschäft an der Stad
Déi lescht véier Sonndeger haten d’Butteker an der Stad hir Dieren op. Ma net jiddereen ass zefridde mat deem, wat e Verkaf huet.

Och um 4. Advent ware Leit an der Stater Groussgaass ënnerwee, ma déi wéinegst vun hinnen haten Akafstuten dobäi. Dëse Sonndeg war dee leschte vun de verkafsoppene Sonndeger viru Chrëschtag a war, wéi d’Mireille Rhame-Bley vun Stater Geschäftsverband erkläert, elo net de Schlohummer. Et war de leschte Weekend am November, deen nom Black Friday, wou vill Leit ënnerwee waren. Dowéinst fält och de Bilan vun der verkafsoppene Sonndeger an eiser Haaptstad éischter duerchwuessen aus.

Och d’Geschäfter mierken, datt d’Sue bei de Leit net méi esou labber am Portmonnie sëtzen, Stéchwierder Präisdeierecht an Hausse vun de Scholdzënsen.

Zu Bartreng an engem groussen Akafszenter, wou een déi lescht véier Sonndeger och op war, ass een éischter zefridde mam Chrëschtgeschäft, seet dogéint den Direkter vun dësem Shoppingzenter Manu Konsbruck.

Back to Top
CIM LOGO