Albert EinsteinManuskript iwwer déi allgemeng Relativitéitstheorie gëtt versteet

RTL Lëtzebuerg
Et handelt sech "ouni Zweiwel ëm dat wäertvollsten Einstein-Manuskript", dat jee op enger Stee ugebuede ginn ass.
© AFP/Archiv/

De Wäert vum Dokument, dat de Nobelpräislaureat an de Joren 1913 an 1914 zesumme mat sengem Kolleeg a Vertraute Michele Besso verfaasst huet, gëtt op 2 bis 3 Milliounen Euro geschat.

D’Dokument dat 54 Säiten ëmfaasst, ass zu Zürech entstanen, wéi den Einstein seng allgemeng Relativitéitstheorie entwéckelt huet. En anert bekannten Dokument aus senge Fuerschungen, ass d’Zürecher Notizbuch. Dëst befënnt sech am Einstein-Archiv zu Jerusalem.

Dem Einstein seng Relativitéitstheorie huet d’Verständnis vum Universum a vu wichtege physikalesche Phenomener grondleeënd verännert an zielt zu enger vun deene gréisste physikaleschen Theorien aus dem 20. Joerhonnert.

Back to Top
CIM LOGO