Den Joe Trupia ass de Patron vu Citizen Brick. Si si bekannt fir hir ongewéinlech Spillfiguren, déi Lego esou net produzéiert. Wéinst dem aktuelle Krich an der Ukrain wollte si Spende sammelen an esou de Leit dohannen hëllefen. Also hu se ugefaangen, Figure vum President Selenskyj a Molotov-Cocktailen ze produzéieren. Déi 145.000 Dollar, déi do zesummekomm sinn, ginn un d’Organisatioun Direct Relief, déi medezinesch Hëllefsmëttel an d’Ukrain schéckt.
Ma och wann d’Figure séier ausverkaaft waren, huet den Joe der puer op d’Säit geluecht, fir se ganz besonnesche Leit ze ginn. Et sinn ukrainesch Kanner, déi alles missten zréckloossen an den Joe gefrot hunn, ob hien hinnen e bësse Lego kéint schenken. Do konnt hien natierlech net Nee soen.