Et sinn d’Schüler aus der Ofschlossklass fir Bëschaarbechter. Wärend fënnef Freideger krute si d’Basics erkläert. An der sechster Woch gëtt et da méi intensiv. Mat normalen 8-Stonnen-Deeg solle si de Beruffsalldag méi no bruecht kréien. D’Schüler konnten hire Module selwer eraussichen. Déi eng hunn d’Klammen an de Beem gewielt, déi aner d’Récke mam Päerd.
Méi doriwwer fannt Dir am Reportage eraus.