Kaddospabeier - Wat eng VerschwendungMéi Nohaltegkeet beim Verschenken

RTL Lëtzebuerg
Kaddospabeier huet eng immens kuerz Liewensdauer. Kaddo apaken, Kaddo auspaken an zack flitt de Pabeier an d'Poubelle. Et ginn awer Alternativen.
© Céline Spithoven/RTL

Méi gréng, méi nohalteg, méi ëmweltfrëndlech. Iwwerall gëtt versicht méi Récksiicht op d’Ëmwelt ze huelen. De Verbuet vum Eewee-Plastik an der EU ass nëmmen eng Moossnam, fir kuerzlieweg Géigestänn aus dem Alldag ze verbannen.

Obwuel ëmmer méi Leit versichen nohalteg ze liewen, schéngt et wéi wann dëse Gedanken iwwert d’Feierdeeg manner present ass. Dat beschte Beispill: Kaddospabeier. Ob elo einfach fir de Kaddo schéin anzepaken oder fir d’Spannung beim Verschenke méi grouss ze maachen, Kaddospabeier huet eng kuerz Liewensdauer. Net ganz nohalteg...

Sou brauch een bei der Produktioun vu Kaddospabeier net nëmmen vill Holz, fir Pabeier hierzestellen, mee och Energie a Waasser. Vill Opwand fir de kuerze Pleséier.

Offiziell Zuelen, wéi vill Kaddospabeier all Joer fort geheit gëtt, ginn et net. Enger Etüd vum Ëmweltministère no, gëtt zu Lëtzebuerg awer däitlech méi Pabeier a Kartong verbraucht, wéi an aneren europäesche Länner. 336 Kilo Pabeier huet de Lëtzebuerger am Joer 2017 am Duerchschnëtt verbraucht. An Däitschland waren et ronn 250 Kilo op de Kapp, a Frankräich “nëmmen” 132 Kilo pro Awunner.

Ma nieft Pabeieraspuerungen am Alldag, kann een och beim Verschenke méi nohalteg sinn. Mëttlerweil ginn et nämlech méi a méi Alternativen zum traditionelle Kaddospabeier.

Et kann ee seng Kaddoen zum Beispill an Zeitungspabeier apaken. Sou brauch ee kee Kaddospabeier ze kafen an déi al Zeitung huet nach eng Verwendung, ier se an der Poubelle lant. Awer och Kaddosdicher ginn et mëttlerweil ze kafen. Dës Dicher si mat Motiver bedréckt d’selwecht wéi Kaddospabeier, mee et kann ee se ëmmer rëm benotzen an matverschenken. Als Alternativ kann een och Kichendicher benotzen.

© Céline Spithoven/RTL

Nieft traditionellem Apaken, ob dann elo mat recycléiertem Pabeier oder mat Dicher, kann een och Kierf benotzen. En Uebstkuerf oder eng Holzkëscht, déi een nach am Keller stoen huet. Och dës sinn méi laanglieweg a kënnen ëmmer rëm benotzt ginn.

© Céline Spithoven/RTL

Et muss also net ëmmer Kaddospabeier sinn, deen nom Auspaken direkt an der Poubelle läit.

Back to Top
CIM LOGO