FotogalerieMet-Gala dëst Joer ënnert dem Motto "Karl Lagerfeld"

RTL Lëtzebuerg
Bekannt ass d'Met-Gala virun allem fir déi ausgefale Kreatiounen, an deene sech d'Stars a Stärercher all Joers getrei dem Motto vum Owend weisen.
De Schauspiller Jared Leto koum als dem Karl Lagerfeld seng Kaz Choupette.
De Schauspiller Jared Leto koum als dem Karl Lagerfeld seng Kaz Choupette.
© AFP/ANGELA WEISS

E Méindeg den Owend war et zu New York nees esou wäit: de Met-Musée huet nees op hir glamouréis Gala gelueden.

D’Met-Gala 2023 stoung ënnert dem Stär vum 2019 verstuerwene Karl Lagerfeld, deen d’Welt vun der Moud als Chanel-Designer iwwer Joerzéngte gepräägt huet. Den Owend vun der Met-Gala waren deementspriechend och eng Rei ikonesch Kreatiounen aus dem Lagefeld senger Zäit bei Chanel ze gesinn. D’Schauspillerin Nicole Kidman koum an engem Chanel-Kleed, dat si viru bal 20 Joer fir eng Reklamm fir de berüümte Parfum Chanel Nr. 5 unhat. D’Sängerin Dua Lipa koum an engem Chanel-Rack aus den 90er Joren.

Ënnert de Gäscht waren och eng ganz Rei Models, déi am Laf vun hirer Karriär méi dacks mam “Modezar” Karl Lagerfeld zesummegeschafft hunn: d’Gisele Bündchen, d’Cara Delevigne an d’Kate Moss.

D’Participatioun um Owend war iwweregens eng deier Affär: Souguer geluede Gäscht misste fir d’Owesiesse 50.000 Dollar bezuelen. D’Sue ginn un d’Moud-Sectioun vum Met-Musée. Vum 5. bis de 16. Mee ginn do eng 150 Kreatioune vum Karl Lagerfeld ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO