
Op de Plazen zwee an dräi stinn d’Madia Ferreira aus dem Paraguay an d’Lalela Mswane aus Südafrika.
D’Miss-Wal war eng éischte Kéier an Israel, wat an enger Rei Länner zu Boykottopriff wéinst dem israelesche Virgoe géint d’Palestinenser gefouert huet. Esou hätt d’Kulturministesch aus Südafrika hir Participantin opgeruff net op Eilat ze reesen.
Bei der Miss-Universe-Wal mussen d’Participantinnen tëscht 18 an 28 Joer al sinn. Donieft dierfe se nach net bestuet gewiescht sinn a kee Kand hunn.
