
Lescht Joer krute sech d’Rivalinne vum Schéinheetsconcours wuertwiertlech an d’Hoer an hunn domat weltwäit fir Schlagzeile gesuergt. Mat der Wiel vun der neier “Mrs Sri Lanka” war nämlech net jiddereen averstanen. D’"Mrs World” vun deemools, d’Caroline Jurie, hat dem Pushpika de Silva d’Kroun vum Kapp gerappt an der Zweetplacéierter opgesat. Den Titel “Mrs Sri Lanka” ass nämlech just fir Participantë geduecht, déi bestuet sinn. D’Gewënnerin war zu deem Zäitpunkt bestuet, ma huet awer getrennt vun hirem Mann gelieft.
Wéi et e Mëttwoch vun den Organisateure vum Schéinheetsconcours heescht, duerft d’Pushpika de Silva hiren Titel net behalen. Si kritt reprochéiert, mat Korruptiounsvirwërf der Reputatioun vun hirem Land geschuet ze hunn. Si huet nämlech an de soziale Medie geschriwwe, datt si de Schéinheetsconcours, fir d’Mrs World ze ginn, net gewonnen hätt, well d’Jury beaflosst gi wier. Dowéinst wier den Titel un d’Shaylyn Ford gaangen.
Weltwäit gouf de Video e puer Millioune Mol ugeklickt, an deem déi fréier Schéinheetskinnigin net grad zimperlech virgaangen ass, wéi si der frësch gekréinter “Mrs Sri Lanka” d’Kroun ofgedoen huet, déi sech an hiren Hoer verfaangen huet. D’Jurie an eng weider Fra mussen elo wéinst Kierperverletzung mat juristesche Suitte rechnen.