Schlecht gezillt?Muppebesëtzerin bäisst aner Fra mat Hond an d'Wued

RTL Lëtzebuerg
Datt Hënn aner Muppen a Mënschen agresséieren oder esouguer bäissen, kënnt ëmmer nees emol vir. Hondsbesëtzer missten et awer u sech besser wëssen...

Datt sech Déierebesëtzer heiansdo méi schlecht behuele wéi hir Hënn, hunn op Hellegowend zwou Fraen an engem Park zu Eisenach am däitsche Bundesland Thüringen gewisen. Eng 27 Joer al Fra ass do mat hirem Hond spadséiere gaangen, wou si eng 51 Joer al Fra gesinn huet, déi hire Mupp geschloen huet. Déi jonk Fra huet déi aner Muppebesëtzerin doropshin zur Ried gestallt an hir gesot, datt een d’Déieren net mat Gewalt erzéie kann.

Eng verbal Ausernanersetzung huet net laang op sech waarde gelooss, mee dobäi ass et dem Rapport vun der lokaler Police no net bliwwen. Déi zwou Frae sinn openee lassgaangen. Eng vun deenen zwou Fraen ass dobäi zu Buedem gaangen a wosst sech wuel net anescht aus hirer mësslecher Situatioun ze befreien, wéi hirer Kontrahentin an d’Wued ze bäissen.

Wärend dëse chaoteschen Zeene sinn de Fraen hir Hënn e gutt Stéck méi friddlech bliwwen, esou d’Police: “D’Hënn hu just nogekuckt an et ass net zu enger Bäisserei tëscht deenen zwee komm.”

D’Fra, déi an d’Wued gebass gouf, gouf dobäi blesséiert. Déi zwou “Gassigängerinnen” hu vuneneen ofgelooss, ier d’Situatioun nach weider eskaléiere konnt. De Virfall wäert fir béid Frae juristesch Konsequenzen hunn - hinne gëtt Kierperverletzung virgeworf.

Back to Top
CIM LOGO