Zanter iwwer 50 Joer sinn Tattooe beléift. De Marion Thill, dee säi ganzt Liewe schonn an dësem Business schafft, ass der Meenung, dass d’Konkurrenz beweist, wéi vill Leit sech tätowéiere loossen. Ma den Ament kënnt e gréissere Problem op d’Branche duer: Verschidde Faarwe sinn vum Januar un net méi erlaabt.
D’Argument, firwat verschidden Inhaltsstoffer verbuede goufen, ass, dass dës Substanzen an héije Konzentratioune kriibserreegend kéinte sinn. Fir de Marion géingen d’Zuelen an d’Statistiken awer de Contraire beweisen. Vu 54 Milliounen Tattooe ginn et 1.000 Fäll, wou d’Haut eng Reaktioun géif maachen an d’Faarwen net verdroe ginn.
Verschidde Konservéierungsstoffer, “Bindemittel” a cheemesch Bausätz, déi och an den Naturfaarwe gebraucht ginn, dierf een elo also net méi ënnert d’Haut sprëtzen. Den Ament weess kee genee, wou en drun ass a kee weess, wéi et dann elo mat de Faarwe weidergeet. Et heescht awer weider, dass d’Produzente vun de Faarwen dru schaffe géifen.
Bei de Clienten ass dës EU-Decisioun elo bekannt an dat huet wuel eng Well ausgeléist: Wann et an Zukunft eppes net méi soll ginn, muss elo nach dovunner profitéiert ginn. Vill Clientë kommen elo nach séier, fir sech tätowéieren ze loossen, well d’Palett vun de Faarwen elo nach komplett ass.
De Marion huet nach ëmmer ganz vill Froen. Esou ass hien den Ament a Kontakt mam Ministère de l’économie a mam Reach-Büro, fir mat deem neie Gesetz och Formatiounen unzebidden. Et bleift also spannend an dëser Affär. Eng Affär, déi wuel wuertwiertlech ënnert d’Haut geet.