D’asbl “Patrimoine Roses pour le Luxembourg” huet dat ganzt organiséiert am Kader vum 40. Gebuertsdag vum Ierfgroussherzog am November. Déi Rous, esou heescht et am offizielle Communiqué, bléid vu Juni u bis et da fréiert. Den Doft vun der Rous, heescht et weider, wier ee ganz equilibréierten, eng Mëschung tëscht aler Rous a Myrrhe.
Eng 20 Rouse si mëttlerweil no Membere vun der Famille Grand-ducale benannt, eng Traditioun déi et zanter 1891 gëtt.
De Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg war schonn deemools e groussen Amateur vu Rousen an ass zu senger Zäit reegelméisseg bei d’Rousenziichter op de Lampertsbierg komm.