Eng Rees ouni PlangNei Staffel vun "AUSGESAT" start um Donneschden Owend

RTL Lëtzebuerg
Dir hutt et an de leschte Woche villäicht scho matkritt: Um Donneschden Owend geet et lass mat enger neier Staffel vun der Tëlees-Emissioun "AUSGESAT".

An dëser Sendung geet et jo drëms, dass zwou Ekippen an engem friemen Land “ausgesat” ginn an hei ouni Sue mussen Etappen zréckleeën an hei niewebäi Challenge bestoen.

Och des Kéier paken zwou Ekippen de Rucksak - ouni ze wësse, wou et higeet. Si triede géinteneen un, op enger Rees ouni Handy, ouni Internet an ouni Plang. An esou wéi bei der 1. Staffel vun Ausgesat, ginn och dëst Kéier zwee RTL-Leit als Kandidaten mat – de Raoul Roos an de Loic Juchem.

Ausgesat: Portrait vum Raol Roos an dem Loic Juchem
Déi zwee bekannte Gesiichter vun RTL ginn mat engem hinnen onbekannte Partner op eng Rees geschéckt.

Nei an dëser Staffel ass, datt eis zwee RTL-Kandidaten jeeweils een Co-Equipier wäerten dohigestallt kréien – deen eréischt kuerz virum Depart wäerte kenneléieren. Fir dës spezifesch Kandidaten ze fannen, hu mir Ufank dës Joers e groussen Opruff gestart. Zwou Wochen hat een Zäit, fir sech ze mellen. Méi wéi 700 Leit hunn eise Formular um RTL-Site ausgefëllt. An all wollte se dat nämmlecht: Bei der zweeter Staffel Ausgesat dobäi sinn.

De Casting vun der zweeter Staffel "Ausgesat"
Fir de perfekte Co-Ekipier fir eis Kandidate Raoul a Loïc ze fannen, hu mir eis schonn um Ufank vum Joer op d’Sich gemaach.

Wien dann zesumme mat eisen RTL-Kandidaten ausgesat gëtt, dat geséit een dann an der éischter Episode en Donneschden den Owend um 19 Auer op RTL Télé an op RTL Play.

Kuckt hei nach eng Kéier déi éischte Staffel vun AUSGESAT: RTL Play -Ausgesat

Back to Top
CIM LOGO