
Zéngdausende Leit hunn e Samschdeg zu Berlin mam Loveparade-Grënner Dr. Motte den neien Technospektakel “Rave The Planet” gefeiert. D’Police, déi mat ronn 600 Beamten um Bord vun der siwe Kilometer laanger Streck am Asaz war, huet vu ronn 45.000 Leit geschwat, déi un der Parad deelgeholl hunn. D’Organisateure schwätzen e Samschdeg den Owend vun ëm déi 300.000 Mënschen. Och kill Temperaturen an zolidd Schaueren hunn der Freed vun de Musekfans keen Ofbroch gedoen.
Déi 18 Musekween a knapp 150 Kënschtlerinnen a Kënschtler si wéinst de vill Leit zäitweis an de Masse stieche bliwwen.

Wéi déi legendär Berliner Techno-Parad an den 90 Jore war d’Parad 2022 als Demonstratioun ugemellt. An esou huet den Dr. Motte am Ufank och eng kuerz Ried mat politesche Fuerderunge gestallt. Hien huet ënnert anerem fir e Grondakommes fir Kënschtler, fir d’Opnam vun der Berliner Technokultur an dat immateriellt Unesco-Kulturierwen a géint Danzverbueter op chrëschtleche Feierdeeg plädéiert.
D’Loveparade war vun 1989 bis 2006 an der Haaptstad Berlin, duerno ëmmer nees op anere Plazen an Däitschland. Bis et bei der leschter Parad 2010 zu Duisburg zu engem Ongléck koum, bei deem et 21 Doudeger an iwwer 500 Blesséierter gouf. Dat neit Event hätt mat der ursprénglecher Veranstaltung näischt ze dinn, hunn d’Organisateure betount. Ma de Geescht vun der Loveparade ass mat geschwieft, virun allem och well d’Motto “Together again” war.