"Rod der Baumeister"Net méi mam Ferrari duerchkomm, de Rod Stewart fléckt Strooss einfach selwer

RTL Lëtzebuerg
Nee, de Rod Stewart huet net den Job gewiesselt. De Sänger hat just d'Nues voll, dass d'Strooss viru senger Hausdier zu Harlow voller Lächer ass.
© https://www.instagram.com/p/Ca-eLDONvT1/ by Screenshotte vun Instagram

Wann een an enger Grofschaft wunnt, wëll dat net onbedéngt heeschen, dass d’Stroossen do besser sinn. Ganz am Géigendeel: d’Strooss virum Rod Stewart senger Hausdier ass voller Lächer an dat huet weder de berüümte Sänger, nach säi Sportswon immens gär.

De 77 Joer ale Stewart huet dunn einfach mol e giele Gilet ugedoen, huet d’Schëpp an de Grapp geholl an d’Lächer selwer flécke gaangen. Vu senger “Aarbechter-Aktioun” huet hien e Video gemaach an op Instagram gesat, fir op dee Problem opmierksam ze maachen: “Dat ass d’Strooss an der Géigend vun Harlow, wou ech wunnen - an déi ass schonn zanter Éiwegkeeten an dësem Zoustand”. Viru Kuerzem war enger Ambulanz do souguer e Pneu geplatzt. Dem Rod Stewart doropshi wuel de Kolli, awer méi aus Suerg ëm säi Ferrari.

Back to Top
CIM LOGO