
E Weesekand léiert an de 60er Jore Schach spillen a setzt sech an der Welt vun de grousse Schachmeeschteren duerch. Eng Handlung, déi op den éischte Bléck banal kléngt, awer weltwäit fir Begeeschterung bei den Zuschauer suergt. Eleng den éischte Mount hu 60 Millioune Stéit d’Miniserie vun Netflix gestreamt, an 63 Länner huet “Das Damengambit” et op Plaz 1 vun den am meescht gekuckte Serië gepackt. Domat net genuch. D’Netflix-Produktioun huet e reegelrechten Hype ausgeléist.
14 Joer ass et hier, dass sech fir d’Lescht esou vill Leit op Google iwwer Schach informéiert hunn. Schonn ugangs der Pandemie hätt ee gemierkt, dass sech ëmmer méi Erwuessener fir Schach interesséiere géingen, ma déi lescht Wochen hätten awer alles iwwertraff.
Den Interessi um Schach ass déi lescht Wochen nämlech enorm geklommen. Wéi de Manager vun der Trainings-Websäit Chess.com AFP géintiwwer gesot huet, hätte sech zanter dem 23. Oktober 2,5 Milliounen nei User ugemellt, fir online Schach ze spillen. Déi nei Registratioune pro Dag wieren ëm 400 Prozent geklommen. Am November hätte si bal all Dag en neie Rekord notéiert.
Virun allem bei Fraen huet dat klassescht Spill u Beléiftheet gewonnen. Dem Manager Barton vun Chess.com hu sech däitlech méi Fraen op senger Internetsäit ugemellt wéi soss a verbréngen och méi Zäit mam virtuellen Training wéi d’Männer. Déi zweefach Schachweltmeeschtesch Jennifer Shahade huet ënnert anerem zouginn, e grousse Fan vun der Serie ze gesinn. An engem Podcast huet si viru Kuerzem gezielt, dass si “iwwerwältegt” wier iwwert de Schach-Boom, deen den Ament uechter d’Welt festzestellen ass. Grad a Corona-Zäite géing nämlech Schach dat erméiglechen, wat d’Mënschen dobausse brauchen: “Eng wonnerbar Flucht an déi kleng Welt vu 64 Felder”.