
Wéi de Wall Street Journal mellt, krut hien den Zouschlag fir ronn 22 Milliounen Dollar. Am Joer 2015 waren nach 100 Milliounen Dollar verlaangt ginn.
De Michael Jackson, dee grouss Scholden hat, hat seng Ranch schonn 1 Joer viru sengem Doud un d’Investmentfirma Colony Capital verkaf, dat fir 22,5 Milliounen Dollar. Den neie Besëtzer elo gesäit d’Ranch als en Invest a Bauland. Den Terrain ass 1100 Hektar grouss a läit 65 Kilometer vu Santa Barbara a Südkalifornien.
Nieft dem Haapthaus mat 6 Schlofkummere gehéieren nach 3 Gaascht-Haiser zum Terrain, e Séi mat Waasserfall, e puer Tennisterrainen an och Ställ fir Déieren.
De Michael Jackson hat “Neverland” als eng Zort Märcheland opgebaut, mat engem Zoo, enger Eisebunn, engem Riserad an aneren Attraktiounen, déi ee soss a Fräizäitparke gesäit.
De “King of Pop” war de 25. Juni 2009 am Alter vu 50 Joer un enger Iwwerdosis vum Narkosemëttel Propofol gestuerwen.