"Free Britney"No 13 Joer - Britney Spears gouf vun Tutelle vu sengem Papp Jamie Spears befreit

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Sängerin laang dofir gekämpft huet, ass e Mëttwoch decidéiert ginn, datt d'Britney Spears nees selwer iwwert säi Liewe bestëmmen dierf.
© AFP/VALERIE MACON

E Mëttwoch Lokalzäit huet e Geriicht zu Los Angeles decidéiert, den Jamie Spears no 13 Joer Tutelle ze suspendéieren. Dëst mat direkter Wierkung.

Zanter 2008 stoung d’Britney Spears ënnert der Tutelle vum Jamie Spears. Scho laang huet d’Sängerin alles probéiert, fir nees selwer iwwert säi Liewe kënnen ze bestëmmen. Deem Zil ass si elo ee Schrëtt méi no. D’Riichterin huet dës Decisioun geholl, well et “am beschten Interessi” vum Britney wier. Wat d’Finanze vun der Sängerin uginn, gouf allerdéngs eng provisoresch Tutelle bestëmmt, déi vum Comptabel John Zabel iwwerholl gëtt.

© AFP/VALERIE MACON

Den 12. November soll d’Tutelle da komplett suspendéiert ginn an den 13. Dezember gëtt nach eng Kéier iwwer dem Britney seng Finanzen entscheet.

Back to Top
CIM LOGO