E Schock fir hien, ëmmerhin huet dësen Rank e grousse sentimentale Wäert. D’Sich nom Rank war ouni Erfolleg. Ob am Gaart, an de Poubellestuten oder am Auto, de Rank war net méi ze fannen.
D’Anouk, dem Joseph seng Enkelin, wollt hëllefen an ass nach e Schratt méi wäit gaangen. Si weess, wéi vill dëse Rank hirem Bopi bedeit a gräift op déi sozial Medien zeréck. De Verloscht gouf deemno gedeelt, ma och hei ouni Erfolleg. Iwwer 1.700 Mol gouf dem Anouk säi Post gedeelt an awer, de Rank war néierens ze fannen.
An da passéiert dat, mat deem kee gerechent hat. Beim Raumen trëllt de Rank ob eemol an der Kichen aus enger Akafstut aus dem Schaf eraus. Eng grouss Iwwerraschung fir d’Famill.
Endlech kann d’Famill Burg e Schlussstréch ënner hir verzweiwelt Sichaktioun zéien. No iwwer enger Woch dierf de Joseph nees houfreg säi Brautrank u senger lénker Hand droen.