De Noah Lequeux ass en Talent op 2 Rieder an huet et an der IDM zum Champion gepackt. 2005 souz hien eng éischte Kéier um Moto. 4 Joer drop ass hien seng éischt Course dem “Pocket Bike” um “Minimotorace Belgique” gefuer. Hei ass hie spontan op déi 2. Plaz komm an dat huet hien motivéiert. Säi grousse Wonsch ass, bei all Course op de Podium ze fueren an déi lescht Zäit ass dat och zimmlech dacks gegléckt.

Den Heng Kleren huet seng Kontakter genotzt a mat ville Musekerkolleegen en Hëllefsruff lancéiert. Bekannt ass hien duerch d’Challengers oder Murphy’s law. No sengem Studium um Mozartäum Ufank vun der 90er huet hien e Lidd fir eng intern Opféierung geschriwwen “No more time, for war and crime”. Duerno louch d’Lidd laang Zäit am Tirang bis gesondheetlech Problemer hien derzou bruecht hunn, d’Lidd mat 35 Museker opzehuelen, an e Clip ze maachen fir sou d’Fondatioun Wonschstär z’ënnerstëtzen.

Zanter dësem Joer iwwerdroen de Serge Pauly a Franky Hippert d’Formel 1 bei RTL an bis elo gouf sech nach keng Minutt gelangweilt. Flott Dueller, Zeenen, bei deenen een den Otem unhält a vill Spannung. A wann et eisem Duo nogeet, dann sollen och déi lescht 4 Courssen vun der Saison genee sou ginn, zum Beispill dëse WE mam Grand-Prix vu Brasilien zu Sao Paulo. Bei eis weisen déi Zwee och, wéi et bei hinnen hannert de Kulissen ausgesäit.
