Wie vu Fairtrade schwätzt, deen denkt natierlech direkt un d’Iessen. Nohalteg Produiten aus fairem Ubau, ma och an der Moud huet sech an de leschte Jore munches gedoen. D’Virurteel, dass Fairtrade-Moud langweileg an net schéin ass, soll endlech ophalen. De Beweis, e Fotoshooting am Mudam, deen nohalteg Moud aus fairem Handel weist, a wou ee keen Ënnerscheed gesäit zu deem, wat ee soss am Buttek ze gesi kritt.
De Mudam, eng Plaz, déi, wann d’Sonn schéngt, déi beschte Luucht gëtt, fir Fotoen ze maachen. D’Lisa Lorang këmmert sech ëm de Projet “Rethink your clothes”, Fairtrade wëllt heimat vun hirem negativen Image ewech kommen. Nohalteg Kleedung ass net langweileg a fad, nee et gesäit een hautzedaags keen Ënnerscheed méi.
Moud, bei där een e gutt Gewësse kann hu beim Kafen, nohalteg Materialien ewéi de Kotteng, déi ëmweltfrëndlech Veraarbechtung bis hin zum fäerdege Produit. All dëst ass Fairtrade. Esou sinn och d’Bijouen, déi um Fotoshooting ugedoe ginn, vum Goldschmatt Nancy Fis, aus nohaltegen Edelmetaller.
Nohalteg Moud kann awer och faarweg sinn, esou war d’Créatrice Céline Bijleveld fir d’Hochzäitskleeder an d’Anabela Menezes fir de Casual Outfit zoustänneg: 2 verschidde Stiler, méi a manner faarweg.
Och d’Nofro no Fairtrade Produiten am grousse Ganzen ass an deene leschte Joren an d’Luucht gaangen an do huet d’Moud wuel och eng Roll gespillt.
60 Millioune Leit schaffe weltwäit an der Textil-Industrie, 70% an Asien, dovunner sinn 80% Fraen. Leider gehéiert d’Kanneraarbecht och dozou. Fairtrade Produite wëllen dësem en Enn setzen. D’Kleeder-Produktioun huet sech an deene leschte 15 Joer quasi verduebelt an ass leider fir 20% vun der Verschmotzung vun eisem Drénkwaasser weltwäit responsabel. Fir dëst an Zukunft ze verhënneren, gëtt et Fairtrade, an dir kënnt dozou bäidroen.