
Zu Montmeyan, engem klengen Duerf am Süde vu Frankräich, do wou de Charles Michel en Haus besëtzt, sollt e Samschdeg de groussen Dag sinn. Do wollt de fréiere Premier aus der Belsch dem Amélie Derbaudrenghien d’Jo-Wuert ginn.
Ma d’Koppel huet d’Rechnung ouni d’Pandemie gemaach, déi nach ëmmer an Europa present ass.
Effektiv läit dat franséischt Montmeyan am Departement Var, aktuell als Zone orange klasséiert vun de belschen Autoritéiten. An dogéint kann och e fréiere Staatsminister näischt maachen.
Wier d’Hochzäit nämlech den 22. August, misst de Charles Michel nom Retour an d’Belsch a Quarantän. An der Funktioun als EU-Rotspresident eng Saach vun der Onméiglechkeet.
D’Hochzäit gouf deemno verréckelt. En neien Datum gouf nach net annoncéiert.
