WeltmännerdagOch Männer sollten traditionell Rollebiller a Fro stellen, sou de Francis Spautz

RTL Lëtzebuerg
D'Iddi vun der Männlechkeet géing och hautzedaags nach net op der Realitéit baséieren, seet de Psycholog vun "Info Mann".
© Shutterstock

De Mëttwoch ass Weltmännerdag. Den Dag gouf vum russesche Politiker Michail Gorbatschow an d’Liewe geruff, ënnert anerem dofir, fir datt Männer sech e bësse besser ëm hier Gesondheet këmmeren. Männer ginn am Schnëtt nämlech nach ëmmer ronn fënnef Joer manner al, wéi Fraen.

Weltmännerdag

Firwat sinn d’Männer esou, wéi se sinn? Firwat gi si zum Beispill net esou dacks bei den Dokter? Fir dës an aner Froen ze beäntwerten, war de Dan Vinkowski op Besuch bei “Info Mann” zu Bouneweg, wou scho vill Männer an de lëschten néng Joer ëm Rot gefrot hunn.

Weltmännerdag: Wou kënnt den Dag hir?

“Natierlech kënne mir d’Männer net alleguer an een Dëppe geheien”, esou de Psycholog Francis Spautz vun “Info Mann”. Mä et wier scho wouer, datt d’Risikoverhale bei Männer, virun allem an hiren aktive Joren tëscht 20 a 60 Joer, méi ausgepräägt wier, wéi bei Fraen. Am Stroosseverkéier géing ee groussen Deel vun de Verletzungen an déidlechen Accidenter vu Männer ausgeléist ginn. Och wat den Alkohol- an Drogekonsum ugeet, wieren d’Männer méi staark vertrueden.

Weltmännerdag: Op Besuch bei Info Mann

De Männer, déi bei hie kommen, reit de Francis Spautz dacks, op sech opzepassen, sech wouerzehuelen a sech och eescht ze huelen. D’Iddi vun der Männlechkeet géing nach ëmmer net op der Realitéit baséieren: “Mir hunn hei Männer an alle méigleche Liewenslagen. An der Majoritéit geet et ëm Bezéiungsfroen. Gewalt am Stot ass och en Thema, esouwuel ausgeüübter wéi och erliefter an erliddener.”

Weltmännerdag: Wéini sollt e Mann eng Therapie maachen?

Fraen hätte sech an deene leschte 50 Joer extrem weiderentwéckelt an d’Männer hätte sech deem ugepasst, esou de Francis Spautz. D’Männer misste virun allem al iwwerliwwert Rollebiller a Fro stellen a sech géigesäiteg a méi diverse Rollevirstellungen ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO