Vill Leit hate sech gemellt. Zu gudder Lescht war et un ons an et war eng schwéier Aarbecht, fir der 2 erauszepicken an déi da mat enger Klengegkeet a mat engem Kamerateam iwwerraschen ze goen. Heem oder op d’Aarbecht.
Den Olivier Catani huet d’Shannon Wersant, eng Infirmière am Ettelbrécker Spidol, déi net nëmmen elo zu Virus-Zäite vill am Asaz war , mä déi och selwer betraff war. D’Shannon huet, senger Mamm no, verdéngt, eng kleng Iwwerraschung ze kréien.
De Philippe Dondelinger ass den Charel Consbrück iwwerrasche gaangen. Et war d’Monique Bernotte, wat ons geschriwwen huet. Si ass mëttlerweil an der Militärmusek an hat de Charel als Trompette-Professer am Conservatoire. Ma net nëmme si, mä och 3 weider Schüler sinn de Charel mat engem selwer geschriwwene Stéck viru seng Dier Doheem iwwerraschen.
Déi 2 Persoune waren aus dem Haischen, d’Iwwerraschung war a béide Fäll gelongen. E klenge Geste, dee géint d’Feierdeeg ëmmer gutt ukënnt.