Schéinheetsideal laang WimperenOngeschützte Beruffer - keng Reegelunge fir nei Trends

RTL Lëtzebuerg
Wimpere sinn eigentlech do, fir d'Ae viru Knascht ze schützen. Si sinn awer och ee Schéinheetsideal.
Keng Reegelunge fir nei Trends
Wimpere sinn eigentlech do, fir d’Ae viru Knascht ze schützen. Si sinn awer och ee Schéinheetsideal.

Do kann een nohëllefe mat Extensions fir d’Wimperen. Bei deene Verlängerunge gi falsch Wimperen op déi eegen drop gepecht. Hei zu Lëtzebuerg ass et nach net esou laang verbreet, et géif awer ëmmer méi gefrot ginn. Ugebuede gëtt et an Instituter, mee net just. Och vill Amateure bidden et niewelaanscht un. Dobäi brauch een dofir déi néideg Experienz, soss kann et geféierlech ginn.

D’Jil Olinger ass eng sougenannte Beauty-Expertin an dat an 3 Beräicher. Ënner anerem der Wimpereverlängerung. Dorop ass si zanter 10 Joer spezialiséiert. Eng vun hire Clienten ass d’Mylène Schouweiler, si kënnt reegelméisseg. Hir Erfarunge waren awer net ëmmer positiv. “Zweemol huet si schonn eng schlecht Erfarung gemaach. No engem Traitement, hunn hir Aen ugefaange mat brennen a krazen. Duerno sinn d’Ae rout ginn, si misst bei den Dokter goen. Dat ass elo puer Joer hier”, sou d’Jil Olinger.

Dat war net an hirem Institut geschitt. Si ka sech awer denken, firwat dat deemools geschitt war. Et ass eng ganz filigran Aarbecht an do muss alles stëmmen, ëmmerhi geet et ëm eng Manipulatioun beim A. Dofir muss scho mol ganz gutt op Hygiène opgepasst ginn, da muss och d’Temperatur stëmmen an d’Loftfiichtegkeet am Raum konstant sinn. D’Jil mécht hir Wimpereverlängerungen dofir och an engem separate Raum. Dëst wëll de Pech, dee geholl gëtt fir déi falsch Wimperen un déi eegen unzepechen, net verdonsten dierf. Dat ass de kriddelege Moment, wou gär Infektiounen entstinn.

D’Aendoktesch Dr. Marie Leonhard gesäit donieft och mechanesch Probleemer, wann zum Beispill eng Wimper ze no um A placéiert gëtt. Bei hinnen an der Praxis hätte si net dacks Clienten, déi komme well si eng Infektioun no enger Wimpereverlängerung hunn. Mee et géif virkommen, dann awer meeschtens no Feierdeeg, wann d’Leit probéiert hunn, doheem dat selwer ze maachen. Oder awer et war een drun, deen net esou vill Erfarung huet.

D’Jil Olinger dogéint huet scho vill Formatioune matgemaach, iwwert d’Jore vill geléiert an och selwer vill recherchéiert. D’Wimpereverlängerung ass e relativ neien Trend, deen et scho méi laang an den USA gëtt. Dofir ass deen net offiziell am Curriculum vun zum Beispill enger Estheticienne. Net all Trend kann ëmmer direkt ugepasst ginn. Fir dee Mangel ginn et awer ee ganze Koup Formatiounen, ugebueden iwwer Internet zu Lëtzebuerg an am Ausland. Verschiddener verspriechen, dass ee léiert, Wimpere bannent just e puer Stonnen ze setzen. Esou eng Formatioun hat d’Jil och 2013 matgemaach. Just 4 Stonnen a si hätt kéinten lassleeën, deemools hätt si sech awer nimools prett gefillt.

D’Alexa Ballmann huet 3 Kapen un, si leet selwer Instituter, ass an der Ekipp Circulaire, vu Beruff Estheticienne an och d’Presidentin vun der Federatioun Hair Beauty Tattoo Guild Luxembourg. Als Member vun der Formatiounsekipp ass si sech dem Probleem bewosst. Doduerch, dass Wimpereverlängerungen esou nei sinn, läit dat an enger Grozone. Fir all aner Traitementer muss een ausgebilten Estheticienne sinn an do ass den Accès kloer definéiert. D’Ausbildung dauert 3 Joer, 6 wann ee sech wëll selbststänneg maachen. Do léiert een de ganzen Opbau vun der Haut, setzt sech och mat Physik, Chimie auserneen a weess wéi eng Hautkrankheeten et all ginn. Méi kéint een och do net an 3 Joer gesinn an et kann een net fir all Trend d’Ausbildung veränneren. Änlech Probleemer ginn et och zum Beispill fir falsch Neel ze maachen.

Mëttlerweil schéngt et awer eben net just en neien Trend ze sinn, mee eppes wat beléift ass an et och ëmmer méi gëtt. Dofir wär een och aktuell am gaangen ze iwwerleeën, aner Konzepter ze maachen, zum Beispill, de Beruff nach eng Kéier ze splécken. Ee laangen a komplizéierte Prozess.

Bis dohinner kann een och als Client gutt oppassen, wou een higeet. Virun allem eng gutt Hygiène sollt do sinn, wou een esou eppes maache léisst. D’Mylène Schouweiler ass mëttlerweil ganz zefridden. Ouni falsch Wimpere wéilt si net méi sinn. An all Moie spuert si sech vill Zäit, wëll wie Lash Extensions huet, brauch si net méi ze schminken.

Back to Top
CIM LOGO