Esou datt vereenzelt Betriber trotz dem Optakt vun “hirer” Saison mol nach guer net opgemaach hunn. Anerer probéieren, sech esou gutt et geet duerchzeschloen.
Et ass roueg am Ninjapark zu Féiz. A gewéinlechen Zäite géif een op engem Dag 400 bis 500 Leit empfänken. Zanter der Reouverture ugangs September sinn et der 10 Mol manner.
Duerch d’Covid-Mesuren dierfen elo just maximal 55 Leit beieneen an de Park, virdru waren et der 130. Um Trampolin dierf een ouni Mask sprangen, bis dohinner besteet awer Maskeflicht, esou d’Virschrëfte vun der Santé. All zwou Stonne gëtt den Aktivitéitsberäich eng hallef Stonn laang zougemaach an desinfizéiert. Dernieft hunn d’Geschäftsleit an zousätzlech Ventilatiounen investéiert an a Systemer, fir d’Daachfënsteren opzemaachen. Zousätzlech Käschte mat engem Brochdeel vun der Clientèle.
D’Stephanie von Hove fënnt, et wier nach ze fréi, fir hir Kanner-Indoor-Spillplaz zu Bartreng nees opzemaachen. D’Infektioune wieren zanter der Rentrée nach geklommen, ze vill Eltere wiere besuergt, vu Gebuertsdeeg organiséieren net ze schwätzen.

Wéini si nees wäert opmaachen, schwéier soen. Dat evaluéiert d’Patronne am Zwou-Wochen-Takt. Bis dohinner profitéiert si, fir d’Infrastrukturen nees a Stand ze setzen, frësch unzesträichen an en Online-Reservatiounssystem op d’Been ze stellen. Méiglech ass dat awer just, well de Proprietär vum Lokal bereet war, zanter dem Lockdown op de Loyer ze verzichten. Also 6 Méint laang. Ausserdeem ass de Betrib bis Enn dës Joers eligibel, fir déi 5 Mataarbechter a Kuerzaarbecht ze schécken.
Zu Féiz kruten d’Bedreiwer keen Entgéintkomme Punkto Loyer. Den Ninjapark ass réischt zanter engem gudde Joer op, d’Koppel Murdoch-Meyer huet vill Eegekapital investéiert. Ob hire Projet iwwerlieft, wäert sech dëse Wanter weisen.
Virsiichteg optimistesch stëmmt d’Stéphanie Meyer awer, datt op dësem Samschdeg 5 Gebuertsdagspartye gebucht goufen. Dat ass zwar moer am Verglach zu den 20 op engem normalen Dag, mee ëmmerhin en Ufank. Ausserdeem krut de Betrib vereenzelt Ufroe fir Teambuilding a Chrëschtdagsfeieren.