Déi bescht Pizza CalzoneOp Besuch beim Weltmeeschter-Pizza-Bäcker

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober huet hien op enger Weltmeeschterschaft zu Roum matgemaach an ass do éischten an der Kategorie Pizza Calzone ginn.
Beim Pizza-Calzone-Weltmeeschter
Am Oktober huet den Nizar El Hajjaouiop enger Weltmeeschterschaft zu Roum matgemaach an ass do éischten an der Kategorie Pizza Calzone ginn.

Wéi eng Pizza hutt Dir dann am léifsten? Vläicht eng klassescht Margherita, eng bësse méi schaarf Diavola oder eng Pizza Calzone, déi eng Kéier an der Mëtt zesummegeklappt gëtt. Dat ass eng Konscht fir sech. An déi meeschtert den Nizar El Hajjaoui perfekt.

Am Oktober huet hien op enger Weltmeeschterschaft zu Roum matgemaach an ass do éischten an der Kategorie Pizza Calzone ginn. Zanter knapp 10 Joer mécht hie reegelméisseg op esou Concourse mat an huet och schonn dacks gewonnen, och mat senger Pizza Margherita. Fir de besonnesche Goût benotzt hie Büffelmozzarella, awer net vu wäit fort aus Italien, mä direkt aus dem Stall nieft sengem neie Restaurant.

Dat Geschäft huet hien dëst Joer nei opgemaach, déi meescht dierften hien awer aus sengem Restaurant an der Gemeng Rammerech kennen. Säi neie Projet ass direkt um Bauerenhaff, dee säi Mozzarella schonn zanter Jore produzéiert. Dee gehéiert dem Patrick Cornelissen, deen d’Iddi fir dës Zesummenaarbecht selwer hat.

Méi frësch kann de Kéis net sinn, wéi direkt vun deene ronn 90 Waasserbüffelen. A senger Calzone, mat där hien elo gewonnen huet, ass awer keen Mozzarella drop. Hei huet hie sech un engem Kéisteller orientéiert a sech u lauter Ingredienten aus der Géigend bedéngt: Wäisse Kéis, Mascarpone, Ardenner Ham, gedréchent Figen, Nëss an Hunneg. Deen Hommage un d’Regioun kann hien dann och der internationaler Konkurrenz präsentéieren.

Seng Motivatioun ëmmer nees un esou Concourse matzemaachen, ass et fir ëmmer weider bäizeléieren, nei Technike kennenzeléieren an Inspiratiounen ze kréien. Un neien Iddie fir Projeten a Pizzae feelt et him awer net. An Zukunft solle seng Clienten dann och elo d’Calzone an de Restauranten zerwéiert kréien.

Back to Top
CIM LOGO