20 Joer TélévieOptakt vun der Télévie-Woch
20 Joer Télévie zu Lëtzebuerg, 20 Joer Ënnerstëtzung fir d’Kriibsfuerschung!
Optakt vun der Télévie-Woch
20 Joer Télévie zu Lëtzebuerg, 20 Joer Ënnerstëtzung fir d’Kriibsfuerschung!
Dës Woch am Magazin kucke mir zréck op déi bescht Momenter aus zwee Joerzéngten Télévie, besiche Kriibs-Patienten, déi eis besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn, a loossen de Compteur waarm lafen!
An traditionell mécht d’Fondatioun Kiwanis den Ufank mat engem éischte Scheck zu Gonschte vum Télévie. Ma och an der RTL City ass fläisseg fir de gudden Zweck gesammelt ginn, an zwar um Spinning Vëlo. 20 Ekippen an 150 RTL-City-Mataarbechter hu fir de gudden Zweck pedalléiert. RTL Group gëtt pro Kilometer 5 Euro.
All Euro fir d’Kriibsfuerschung zielt:
Nei dëst Joer ass, dass een net just iwwer d’Telefonsnummer 80 02 66 66 spende kann, mee och iwwert e QR-Code, dee wärend der Sendung ageblent gëtt.
Mam Smartphone kann een dëse Code ganz gemittlech scannen an iwwer d’App “Payconiq” (fréier “Digicash”) säin Don maachen.
Wéi ëmmer heescht et nämlech och dëst Joer: all Euro zielt!
Télévie-Challenge@RTL City (29.04.22)
Tëscht 16 an 19.30 Auer sinn d'Ekippen nees op de Suedel geklommen, fir d'Zuel vu Kilometer an also d'Zomm vum Don eropzesetzen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.