
De Craig Duke dierf déi Gleeweg a senger Gemeng net méi betreien, nodeems hien an der HBO-Sendung “We’re Here” geschminkt mat Talleken-Stiwwelen, engem Pailletten-Kleed a rosa Paréck opgetrueden ass.
Et wier eng Erfarung gewiescht, déi dem 62 Joer ale Paschtouer aus Evansville vill bruecht hätt, ma déi Responsabel an der Methodisten-Kierch hunn dat anescht gesinn. Si hätten eng Abberzuel kritesch E-Mailen an Uriff erakritt. Dowéinst hätt een hie vu senge pastorale Flichten entbonnen a seng Pai gekierzt.
Bannent kierzter Zäit huet d’Schicksal vum Mann an den USA héich Welle geschloen a fir gréisser Diskussioune gesuergt. Eng Spendenaktioun gouf doropshin op d’Bee gestallt. Stand Mëttwoch sinn eng 60.000 Dollar (53.000 Euro) erakomm, fir hien an dëse schwéieren Zäiten z’ënnerstëtzen. Zesumme mat senger Fra huet de Paschtouer an engem Schreiwes betount, dass hie säin Optrëtt kengesfalls bereie géing. Hien hätt sech gutt opgehuewe gefillt an der LGBTQ-Communautéit. “Wann s du Mënschen, déi anescht si wéi s du, erreeche wëlls als Paschtouer, da muss du dohigoen, wou Mënschen anescht sinn”, sou de Craig Duke.