Live! Planet People am ReplayPaul Heinrich, Andreas Pröve an de MAZ

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend goung et am Live! Planet People ëm den Déngscht an der Gendarmerie, mam Rollstull ronderëm d'Welt an de Museker MAZ.
Live! Planet People vum 15. Oktober 2021
E Freideg den Owend ass et am Live! Planet People ëm den Déngscht an der Gendarmerie, mam Rollstull ronderëm d’Welt an de Museker Maz gaangen.

De Paul Heinrich war 36 Joer bei der Gendarmerie an huet seng Impressiounen an Asätz an engem Buch festgehalen. Op 316 Säite kann een noliesen, wat hien erlieft huet a wéi gär hie säin Déngscht gemaach huet. Scho mat 17 Joer hat hien sech fir an d’Arméi gemellt, a warscheinlech war do säin Papp net ganz onschëlleg drun, dee selwer schonn Gendaarm war. Et ass entre-temps schonn dat 7. Buch, dat den 82 Joer alen Auteur erausbruecht huet.

Den Andreas Pröve léiert d’Welt mam Rollstull kennen an huet seng 6.000km laang Rees duerch China als Buch erausbruecht. Zanter engem Accident 1981 ass hien op de Rolli ugewisen a säin Driff ass et ëmmer Neits z’entdecken a mam Fotoapparat festzehalen. Op Konferenzen hëlt hien d’Leit reegelméisseg mat op d’Rees, a seng sëllege Bicher hunn et op d’Spiegel-Bestsellerlëscht gepackt.

De MAZ aka Thomas Faber lieft a sengem eegenen Universum, wou d’Musek déi grouss Roll spillt a freet sech op déi nächst Optrëtt. De Rapper vun Recken/Mess huet mat 15 Joer seng Léift zur Musek entdeckt. Hie spillt och Piano a Percussion, huet keng Angscht géint de Stroum ze schwammen an den 23. Oktober huet hien en Optrëtt zesummen mam sengem Kolleg Chaild an der Kufa.

Back to Top
CIM LOGO